Commercialization Luxury Brands

Goeres Horlogerie

Mir sichen ee Mataarbechter dee Loscht huet an enger dynamescher Familljenentreprise en neien Defi unzehuelen.
Mir sinn am "Commerce de détail" spezialiséiert a maachen de “Last-Mile" fir eis Fournisseuren. Qualitéit a Prezisioun si fir eis ob éischter Stell.
Bei eis kritt Dir en Abléck an d’Gestioun vum Betrib a kennt dëse Beräich och kenneléieren, souwéi Iech an den Domaine vun eise Marken eraschaffen an de Suivi vun de Clientë maachen.
Eisen neie Mataarbechter soll Freed un engem neien Defi hunn an sech an der Equipe wuelfillen.
Mir sichen ab elo en neie Mataarbechter fir dësen intressante Posten.
Gesicht gëtt eng Persoun mat engem 1ère oder 13ème Ofschloss.
Liewenserfarung ass wichteg a Beruffserfahrung kann ee Virdeel sinn. Mir siche kee mat Erfahrung an der Vente. Eis Formatioune ginn intern gemaach a sinn ob déi spezifesch Marken an Themen ofgestëmmt.
Wichteg ass d’Freed um weiderléieren a keng Angscht hunn sech weider ze entwéckelen.

Luxembourg, Luxembourg
Published on 27/09/2017
684 views